Heefeg gestallte Froen

Dëst ass d’Säit mat heefeg gestallte Froen (FAQ). Fir all d’Äntwerten, klickt op d’Froen

Sehe die Deutsche fragen: http://basicincome2013.eu/ubi/de/haufig-gestellte-fragen/

Voir les questions en Francais: http://basicincome2013.eu/ubi/fr/foire-aux-questions/

Firwat eng Initiative fir en Grondakommes?

An villen Länner schaffen schon säit Joerzëngten Wëssenschaftler, Aktivisten an heiansdo och Politiker drun em d’Bewosstsinn vun der Noutwendegkeet vun engem bedingungslosen Grondkommes ze erhéijen. Et muss gestoen: ouni vill Erfolleg, opmanst um politeschen Plang. Dat heescht awer nun nët dat d’Iddi vum bedingungslosen Grondakommes sech nët ueschter d’Welt verbreed, grad den Contraire ass den Fall.
Eben aus dëser Siicht eraus, lancéieren mir dës Initiative fir ons um europäeschen Plang zesummenzedun.

This post is also available in: Dänesch, Hollännesch, Englesch, Franséisch, Däitsch, Italienesch, Spuenesch, Bulgaresch, Tschechesch, Finnesch, Griichesch, Ungaresch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Slawisch, Slowenesch, Schwedesch

Wat ass eng europäesch Biergerinitiative?

D’Europäesch Bierger Initiative (EBI) ass eng vun den Haaptinnovatiounnen aus dem Lissabon Vertrag. D’Instrument vun der EBI huet als Ziel d’Direkt Demokratie an der Europäescher Union ze erhéijen. Esou eng Initiativ erméiglecht eng Millioun EU-Bierger, déi mindestens aus engem Véierel vun den Memberstaten kommen, fir sech direkt un d’Europäesch Kommissioun ze wennen fir dat déi en Gesetz proposéiert an engem Beräich wou Memberstaten hir Rechter un d’EU ofginn hunn.

Fir weider Informatiounen
opp däitsch: http://ec.europa.eu/citizens-initiative/public/welcome?lg=de ,
opp franséisch: http://ec.europa.eu/citizens-initiative/public/welcome?lg=fr

This post is also available in: Dänesch, Hollännesch, Englesch, Franséisch, Däitsch, Italienesch, Spuenesch, Bulgaresch, Tschechesch, Finnesch, Griichesch, Ungaresch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Slawisch, Slowenesch, Schwedesch

Wou an wéi kann ech ënnerschreiwen?

Den Formulaire fir ze ënnerschreiwen gëtt mat der Startsäit vun dësem Internetsite verlinkt. Den Formulaire fannt Dir och an Pabeierform op dësem Internetsite. Weiderhin lueden mir Iech och an fir Iech op d’Newsletter unzemellen fir datt Dir um Lafenden gehal gitt, ënnert anerem wou Dir bei dëser Campagne matmaachen kënnt.

Ganz wichteg, beuecht onbedéngt dat Dir nëmmen eng Kéier ënnerschreift entweder online oder op Pabeier. Sollt Dir nämlech zweemol (online an op Pabeier) ënnerschriwwen hunn, zielt Är Stëmm guer net, esou d’Regelen vun der Europäescher Biergerinitiativ.

This post is also available in: Dänesch, Hollännesch, Englesch, Franséisch, Däitsch, Italienesch, Spuenesch, Bulgaresch, Tschechesch, Finnesch, Griichesch, Ungaresch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Slawisch, Slowenesch, Schwedesch

Wien kann dës Initiative ënnerschreiwen?

Op der Internetsäit vun der Europäescher Kommissioun steet, dass “All EU-Bierger vun engem Memberstaat, deen al genuch ass fir an de Wahlen vum Europaparlament däerfen wielen ze goen (18 Joer, ausser an Éisterräich, wou een ab 16 däerf wielen goen), däerf eng Biergerinitiative ënnerschreiwen.”

An anere Wierder, wann Dir Amerikaner oder Schwäizer sidd, däerft Dir ons Initiative net ënnerschreiwen.

This post is also available in: Dänesch, Hollännesch, Englesch, Franséisch, Däitsch, Italienesch, Spuenesch, Bulgaresch, Tschechesch, Finnesch, Griichesch, Ungaresch, Polnesch, Portugisesch, Rumänesch, Slawisch, Slowenesch, Schwedesch

Random Frequently Asked Question in random language
Wat moet ik doen met de papieren steunbetuigngsformulieren nadat ik ze heb laten invullen?
Belangrijke vraag! In elk geval moet u ze goed bijhouden en ze daarna afgeven aan…

See the entire answer

Sign Initiative!